Recueil des bonnes pratiques

  1. Wat, genee, si gutt Beispiller?
  2. Wie profitéiert vun de gudde Beispiller?
  3. Eng Rei vu gudde Beispiller!
  4. Eng effikass an nohalteg Plus-value!

1. Wat, genee, si gutt Beispiller?

E gutt Beispill fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter am Gemengeliewe beschreift eng Aktioun, Moossnam oder Prozedur, déi an enger Gemeng am Kader vun hirer Gläichstellungspolitik schonn erfollegräich ausprobéiert gouf. Dës Politik ass keng eegestänneg Strategie, mee gëtt vun enger nationaler Gläichstellungspolitik encadréiert an orientéiert sech och enk un de politeschen Ziler vun der Europäescher Charta fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer am Gemengeliewen.

Gutt Beispiller sinn also en Deel vum deegleche Liewen vun der Communautéit a kënne sech mat alle méigleche Beräicher befaassen. Et ass net nëmmen eng Method, déi als gutt ugesi gëtt. Tatsächlech ass et eng bewärten an iwwerdrobar Aktioun. Et ass deemno als Virlag fir aner Gemengen interessant.

2. Wie profitéiert vun de gudde Beispiller?

Jiddereen, deen an enger Gemeng lieft a schafft, ka vu gudde Praktike betraff sinn a vun hinne profitéieren: net nëmmen de Buergermeeschter- a Schäfferot, d’Gemengeréit, d‘Membere vun de Berodungskommissiounen, mee och d’Gemengenaarbechter a -beamten, d’Membere vun de lokale Veräiner, d’Enseignanten an all Awunner aus der Gemeng.

3. Eng Rei vu gudde Beispiller!

Fir eng maximal Wierkung an eng wäit Verbreedung ze kréien, sollte gutt Beispiller vun esou vill Mënsche wéi méiglech gedeelt ginn: Politiker/-innen, Gemengebeamt-en/-innen, Membere vu Berodungskommissiounen a vun allen Awunner/-innen aus der Gemeng.

Dës Auswiel u gudde Beispiller ass nëmmen eng indikativ Lëscht, eng éischt Orientéierung. Trotzdeem bitt si eng gutt Inspiratioun fir all Gemeng, déi d’Gläichstellung op hirem Territoire fërdere wëll. D’Auswiel ass op déi 39 Artikelen vun der Europäescher Charta verdeelt an entsprécht deene verschiddenen Aktiounsberäicher vun enger Gemeng.

4. Eng effikass an nohalteg Plus-value!

No der Ofstëmmung am Gemengerot kann den Aktiounsplang ëmgesat ginn. Idealerweis ass e fir en Zäitraum vu 4 Joer ausgeluecht. Um Enn vum Plang gëtt eng ofschléissend Evaluatioun gemaach, déi all Mesure bewäert.

A Punkto Finanzéierung kann de Ministère beroden oder bestëmmten Aktivitéiten duerch Subsiden ënnerstëtzen.