Glossar

Glossar

Sidd Dir virwëtzég fir d'technesch Begrëffer aus dem Beräich vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer kennenzeléieren ?

Duerchsicht eise Glossar a léiert, ënner anerem, den Ënnerscheed tëscht Gender a Geschlecht kennen. Hei fannt Der, des weideren, och nach Erklärungen iwwert modern Techniken fir d'Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer am Privatliewen, souwie och am ëffentleche Beräich.

Bestandsopnam iwwert d’Egalitéitspolitik

Fir kënnen eng Gläichstellungspolitik ze maachen, déi effikass an nohalteg ass, mat Auswierkungen op den Alldag vun der lokaler Bevëlkerung a vum Gemengepersonal, brauchen d’Gemenge konkret Informatiounen, déi hinnen erméiglechen, d’Besoine vun de Leit erauszefannen. Nëmmen duerch esou eng Enquête kënnen d’Gemengen Aktivitéite plangen a realiséieren, déi „op Mooss“ gemaach sinn, fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ze verbesseren. Aus deem Grond huet de Ministère eng detailléiert „Kartographie“ vun den 102 Gemenge realiséiert, mat Hëllef vun engem ëmfangräiche Questionnaire, deen sech un déi politesch Responsabel an de Gemenge geriicht huet.

Déi doraus gewonnen Erkenntnisser an Zuelen si genausou nëtzlech fir de Ministère a fir d’Gemengen: D’Bestandsopnam, dat heescht dee reelle Wäert vun den aktuellen Evolutiounen an de Gemengen, gëllen als Startpunkt fir all zukünfteg Evaluatioun, wat et erlaabt, prezis a koherent all Fortschrëtt an de Gemengen an hire Beméiunge fir eng gerecht Gemeinschaft ze moossen.

Discriminéirung

Eng Diskriminéirung kann op 7 Motiver baséieren : d’Nationalitéit, d’Ausgesinn oder d’Net-Ausgesinn, wierklech oder supposéiert, d’Rass oder d’Ethnie, d’Geschlecht, déi sexuell Orientéierung, d’Relioun oder de Glawen, en Handicap oder den Alter.

Direkt Diskriminéirung

Vun enger direkter Diskriminéirung schwätzt een, wann eng Persoun manner favorabel behandelt gëtt wéi eng aner Persoun et ass, et war oder et an enger vergläichbarer Situatioun kéint sinn, opgrond vun den uewen opgelëschte Motiver.

Indirekt Diskriminéirung

Eng indirekt Diskriminéirung läit vir, wann eng Bestëmmung, e Critère oder eng Praxis, déi op den éischte Bléck neutral wierken, dozou féiert, dass eng Persoun, am Fall vun den uewe beschriwwene Motiver, par Rapport zu anere Persounen e besonneschen Nodeel erlieft, et sief dann, dës Bestëmmung, dëse Critère oder dës Praxis wär objektiv begrënnt an datt d’Mëttelen, fir dëst Objektiv z’erreeche passend a néideg wieren.

Positiv Diskriminéirung

Positiv Diskriminéirung nennt een eng Politik, eng Moossnam oder e Gesetz, wat virgesäit, eng Kategorie vu Persounen duerch eng bevirzocht Behandlung ze favoriséieren, déi anerwäerts gewéinlech Affer vun enger Diskriminéirung wéinst hirer sozialer Hierkonft, Ethnie oder Relioun, hirem Geschlecht, Alter oder Handicap wieren. Op dës Manéier bezweckt eng positiv Diskriminéirung, duerch den Asaz vun engem ongläichen an temporären Instrument, eng Chancëgläichheet hierzestellen.

Mobbing

Ouni Verbindlechkeet vun de spezifeschen Dispositiounen iwwert sexuell a moralesch Belästegung op der Aarbechtsplaz, gëtt Mobbing als eng Form vun Diskriminéirung gemäss den uewe genannte Motiver ugesinn, wann sech en ongewënschtend Verhale manifestéiert, wat zum Zil oder zum Effekt huet, datt d’Dignitéit vun enger Persoun ugegraff gëtt, an en Ëmfeld geschaaft gëtt, dat aschüchternd, feindlech, degradéierend, demütegend an offensiv ass.

Europäesch Charta fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer um lokale Plang

Déi europäesch Charta fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer um lokale Plang ass en effikasst Instrument, fir prioritär Interventiounsdomainer z’identifizéieren. Si ass 2006 vum Conseil des Communes et Régions d’Europe (CCRE) geschriwwe ginn, an Zesummenaarbecht mat sengen nationalen Associatiounen. D’Charta ass eng Zesummestellung vun de verschiddene Visioune vun der Gläichstellung an Europa.

Si gouf 2023 révidéiert an erweidert op elo 39 Artikelen.

Am Fong zielt d’Charta net just sämtlech Domainer op, an deenen eng Gemeng direkt oder indirekt duerch seng Entscheedungen, Aktivitéiten oder offréiert Servicer fir seng Bevëlkerung implizéiert ass, mä proposéiert och konkret Piste, fir eng Gläichstellung an all hiren Betätegungsfelder z‘erreechen.

Gemengen

Dëst sinn déi lokal Eenheete vun eisen demokratesche Pouvoiren, definéiert duerch en eegenen Territoire, esou wéi lokal EntscheederInnen. Obwuel ënnert der Tutelle vum Inneministère, sinn si ganz no bei de Biergerinnen a Bierger, an doduerch hunn hir politesch Entscheedungen en direkten Afloss op d’Liewensqualitéit an d’Wuelbefanne vun hiren Awunnerinnen an Awunner.

Gemengeresponsabel

Si sinn d’Entscheederinnen an Entscheeder um lokalen Niveau, gewielt vun de walberechtegten Awunnerinnen an Awunner um Territoire vun hirer Gemeng, mat enger Mandatsdauer vu 6 Joer. Ënner Gemengeresponsabel versteet een d’Buergermeeschtesch oder de Buergermeeschter, de Schäfferot an de Gemengerot.

Gemengerot

Dëst ass dat beschléissend Organ um lokalen Niveau, änlech wéi d’Chamber um nationale Plang. D’Gemengeréit stëmmen iwwert Beschlëss of, déi da vum Schäfferot exekutéiert ginn. Si sinn dofir zoustänneg, eng Politik ëmzesetzen, déi alle Biergerinnen a Bierger zugutt kënnt, bewëllege Budget an Ausgaben, a si stellen d’Personal an.

Geschierkëscht

Fir d’Gemengen an der Ëmsetzung vu Moossnamen z‘ënnerstëtzen, déi si an hiren Aktiounsplang wëllen integréieren, stellt de Ministère eng grouss Offer vu nëtzleche Programmer zur Verfügung, déi de Gemenge beim Erreeche vun hiren Ziler hëllefen. An dëser „Geschierkëscht“ fënnt een ënner anerem Informatiounen iwwert déi verschidden Hëllefsorganer, déi sech d’Gemenge selwer kënne ginn, „Gutt Beispiller“ oder Instrumenter fir Evaluatiounen. Dëse Katalog un Hëllefsmoossnamen, dee stänneg weiderentwéckelt gëtt, fënnt een um Microsite vum ministeriellen Departement „Egalitéit an de Gemengen“.

Gläichstellungsdélégéiert-en fir d’Personal

Am Géigesaz zur delegéierter Persoun fir d’Gläichstellung um politeschen Niveau ass dës Funktioun beim Personal obligatoresch, op der legaler Basis vun engem Règlement grand-ducal. Och fir dës Funktioun gëtt eng Persoun vum Gemengerot nominéiert. D’Missioun vun dësen Delegéierten ass et, fir dofir ze suergen, datt Fraen a Männer gläich behandelt ginn, esou wéi de Code du travail dëst virgesäit, ënner anerem beim Zougang zu Aarbechtsplazen, der Formatioun, dem berufflechen Opstig an den Aarbechtsbedingungen.

Gläichstellungsdélégéiert-en fir d’Politik

Déi/den Delegéiert-en fir d’Gläichstellung um politeschen Niveau ass dofir zoustänneg, fir nom Prinzip vum Gender mainstreaming bei all politeschem Projet, Moossnam oder Aktivitéit dorop opzepassen, dass dës gläichermoosse vu Frae wéi vu Männer kënne profitéiert ginn, an si all dee selwechten Zougang a Notzen dorauser kënnen zéien. Dëst gëllt net just fir kommunal Déngschtleeschtungen, déi der Bevëlkerung zegutt kommen, mä och fir d’Gestioun vum Gemengepersonal. Obwuel dës Funktioun keng legal Basis huet, an dohier fir eng Gemeng net obligatoresch ass, gëtt si awer staark recommandéiert, wëll hir Roll eng ganz wichteg am politeschen Entscheedungsapparat ass. D’Persoun, déi dës Funktioun bekleet, gëtt vum Gemengerot nominéiert. An deene meeschte Gemengen ass et eng Persoun aus dem Schäfferot, si kann awer och Member vum Gemengerot sinn.

Gläichstellungspolitik

Dëst ass de generelle Begrëff dofir, wann déi politesch Responsabel sech aktiv engagéieren, fir d’Gläichstellung an hir politesch Entscheedunge mat anzebannen. Als Leetfuedem gëllt dobäi den „Gender mainstreaming“, deen ënnert anerem virgesäit, datt bei all politescher Entscheedung oder Moossnam muss ënnersicht ginn, ob Fraen a Männer gläichermoossen dovunner Gebrauch maache kënnen an och dee selwechten Zougang dozou hunn – dëst am Hibléck dorobber, datt Fraen a Männer sech oft a verschiddene Liewenssituatioune befannen, wat hiren deeglechen Oflaf vuneneen ënnerscheet.

Gutt Beispiller

„Gutt Beispiller“ si konkret Moossnamen, déi scho mat Erfolleg an enger Gemeng ëmgesat goufen, an déi eng aner Gemeng kënnen inspiréieren, fir se och op hirem Territoire ze realiséieren. De Ministère beméit sech, esou Aktivitéiten an engem Katalog ze regruppéieren an si sämtleche Gemengen zur Verfügung ze stellen. Gutt Quellen, fir esou gutt Beispiller ze fannen, sinn de Reseau vun de Chargé-e-en (REga), de SYVICOL an auslännesch Reseauen. D’Gemengepersonal, wat un de Gläichstellungscouren um INAP deelhëlt, liwwert och oft „Gutt Beispiller“, déi aus hirer alldeeglecher Aarbecht an hire Gemenge kommen.

Intern Enquête iwwert d’Wuelbefannen vum Personal

D’Enquête iwwert d’Wuelbefanne vum Personal ass en Instrument, fir déi intern Gläichstellung beim Gemengepersonal ze moossen. Si gëtt mat Hëllef vun engem anonyme Questionnaire realiséiert, dee vum Gemengepersonal an den Employé-en vun den Institutiounen, déi ënner kommunaler Tutelle stinn, ausgefëllt gëtt. D’Zil vun der Enquête ass et, fir en detailléiert Bild ze kréien iwwert d’Organisatioun vun der Aarbecht, d’Entwécklung vun de Carrièren, den Entscheedungsprozess an ob Privat- a Beruffsliewen harmonesch laanschtenee kënnen organiséiert ginn – an dëst fir all eenzele Member vum Gemengepersonal. Dës intern Bestandsopnam kann de politesch Responsabelen hëllefen, fir eventuell Diskriminatioune beim Personal opzedecken, a Géigemoossnamen an hirer Funktioun als Employeur ze huelen.

Konsultativ Kommissioun fir d’Gläichstellung

Nieft den obligatoresche Kommissiounen, déi d’Gesetz virgesäit, kann de Gemengerot fakultativ berodend Kommissioune schafen, dorënner och déi consultativ Kommissioun fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer. Si si permanent oder temporär a spillen ëmmer eng reng berodend Roll. Si treffe keng Decisiounen, mä ginn hir Avisen of. Wann eng Kommissioun eng Ofstëmmung virhëllt, gëllt dëst net als Entscheedung, mä als Indikatioun, wourunner de Gemengerot net gebonnen ass. Dëse bleift fräi a sengen Decisiounen. Consultativ Kommissioune kënnen sech aus Gemengeréit oder aus Persounen zesummesetzen, déi net Member vum Gemengerot sinn, oder awer aus engem Mix vun deenen zwee. D’Organisatioun, de Fonctionnement an d’Aufgabeberäicher ginn duerch d’intern Geschäftsuerdnung vun der Gemeng festgeluecht.

D'consultativ Kommissioun fir d’Gläichstellung kann eng entscheedend Roll spillen an der Promotioun vun der Egalitéit op lokalem Plang, besonnesch duerch hir wäertvoll Suggestiounen un de Gemengerot, oder duerch d’Ausschaffe vu Konzepter, déi d’Egalitéit um Territoire vun der Gemeng weiderbréngen.

Konventioun

Eng Gemeng kann eng Konventioun mam Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ënnerschreiwen, déi d’Partnerschaft tëscht der Gemeng an de Ministère definéiert. Dëst Zeeche vun der Kollaboratioun leet d’Objektiver fest, déi eng Gemeng wëll iwwert hir aktiv Egalitéitspolitik erreechen. D’Haaptzil ass dobäi, datt eng Gemeng en Aktiounsplang opstellt, fir d’Gläichstellung um lokalen Niveau ze promouvéieren.

Lokalen Aktiounsplang fir d’Gläichstellung

E lokalen Aktiounsplang fir d’Gläichstellung definéiert d’Prioritéite vun enger Gemeng an engem prezise Kalenner, d’Aktivitéiten, déi virgesi si fir déi ugestriefte Resultater z’erreechen, déi noutwenneg finanziell a personell Ressourcen, esou wéi d’Methodologie, déi fir eng Evaluatioun unzewenden ass. Am Prinzip setzt sech den Inhalt vun engem Aktiounsplang zesummen aus Prioritéiten, déi aus der europäescher Charta kommen, déi am Virfeld duerch eng Analyse vun der Bestandsopnam ervirgaange sinn.

Personalpolitik

D’Gestioun vum Personal, heiansdo och Gestioun vum mënschleche Kapital genannt, bezeechent den Ensembel vu Praktiken, déi ëmgesat gi fir d’Personal ze verwalten, ze mobiliséieren an ze forméieren. Heirënner fällt natierlech och d’Verantwortung, fir d’Wuelbefanne vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter op hirer Aarbechtsplaz ze suergen, Diskriminàirung a Mobbing virzebeugen, souwéi dofir ze suergen, dass Fraen a Männer gläichen Zougang zu Formatiounen, Carrière a Poste mat Verantwortung hunn.

Schäfferot

De Schäfferot ass d’Exekutivorgan vun enger Gemeng. E setzt sech zesummen aus der Buergermeeschtesch/dem Buergermeeschter an de Schäffen. Seng Aufgabe bestinn ënner anerem an der Ausféierung vun de Beschlëss, déi de Gemengerot geholl huet, der Kontroll vum Budget an de Gemengenausgaben an der Personalpolitik..

Subventioun

D’Ausbezuele vun engem Subside un eng Gemeng kann e wichtegen Ureiz sinn, fir eng aktiv Gläichstellungspolitik ze bedreiwen, oder och als Präis fir déi originellst oder effikasst Aktivitéit, déi eng Gemeng an der Promotioun vun der Gläichstellung realiséiert huet. Subside kënnen awer och ersat ginn duerch d’Finanzéiere vun ënnerstëtzenden Aktivitéiten, déi vun externe Consultanten ëmgesat ginn, wéi beispillsweis Enquêten.

Transveral

Wëll d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer am Alldag op alle Niveaue gelieft gëtt, limitéiert si sech och net op e spezifeschen Domaine. Dëst zeechent sech duerch eng politesch Approche aus, déi d’Beuechtung vun der Gläichstellungsperspektive a sämtleche politesche Moossname virgesäit, an doduerch d’Implizéieren vun alle politeschen Acteuren, souwuel national, wéi kommunal.