Di eenzel Schrëtt plangen

  1. Virbereede vun der Zesummenaarbecht
  2. D’Situatioun an der Gemeng analyséieren
  3. En Aktiounsplang ausschaffen
  4. Ëmsetzen an auswäerten

1. Virbereede vun der Zesummenaarbecht

Fir unzefänken kontaktéiert d’Gemeng de Ministère, fir iwwert déi verschidde Méiglechkeete vun Ënnerstëtzung a Berodung ze schwätzen.

Ënnert den 100 Gemengen hei am Land huet jiddereng vun hinnen eng ënnerschiddlech Situatioun am Bezuch op déi erliefte Gläichstellung vun de Geschlechter op hirem Territoire.

E puer Gemenge si ganz fortschrëttlech an hunn en eegene Service fir d’Promotioun vun der Gläichstellung vun de Geschlechter, wärend anerer drun interesséiert sinn, sech fir eng aktiv Gläichstellungspolitik ze engagéieren, mee net iwwert deen néidege Kader an d’Personal verfügen.

Wann si sech eens sinn, schléissen d’Gemeng an de Ministère eng Konventioun of, an deem d’Konditioune vun der Zesummenaarbecht festgeluecht ginn.

De Ministère kann der Gemeng bei hirem Projet duerch extern Beroder a finanziell Ënnerstëtzung hëllefen.

2. D’Situatioun an der Gemeng analyséieren

Op Grond vun hirer Funktioun baséiert d’Responsabilitéit vun all Gemeng effektiv op zwéi Pilieren: Als Employeur ass si dofir verantwortlech, dass all Mataarbechter/-in d’selwecht behandelt gëtt an sech op senger/hirer Aarbechtsplaz wuelfillt. Als Déngschtleeschter ass si fir eng optimal Upassung vun hire Servicer un d’Besoinen an d’Wënsch vun hiren Awunner/-inne verantwortlech.

D’Analys vun der Situatioun an der Gemeng gëtt an Zesummenaarbecht mat enger externer Beroderfirma gemaach. Déi baséiert sech bei hirer Analys op zwee Instrumenter:

* Eng Ëmfro iwwert d’Zefriddenheet ënnert alle Mataarbechter/-inne vun der Gemeng an och vun de Strukturen, déi hir ënnerstallt sinn

* Eng Ëmfro an der Populatioun, an der d’Virschléi vun de Bewunner/-inne fir d’Verbesserung bei der Gläichstellung vun de Geschlechter ermëttelt gëtt

Dës Analys gëtt vum Ministère finanzéiert. D’Resultater ginn da vun enger Aarbechtsgrupp, déi aus Membere vum Schäfferot, der/dem Gemengesekretär/in a vun de Gläichstellungsdelegéierte fir d’Personal op der enger Säit, an dem Ministère an externer Beroderfirma op der anerer Säit, verdéift.

3. En Aktiounsplang ausschaffen

D’Aarbechtsgrupp formaliséiert den Engagement vun der Gemeng op der Basis vun de Recommandatiounen, déi sech aus den Ëmfroen iwwert d’Situatioun an der Gemeng erginn. Dës Virschléi fir Aktivitéite fannen sech am Prinzip an deenen 39 Artikele vun der Europäescher Charta fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer am kommunale Liewen erëm, déi all Aktivitéitsberäicher vun enger Gemeng ofdeckt.

Normalerweis wielt d’Gemeng tëscht 5 a 7 Artikele vun der Charta aus, fir hiren Aktiounsplang ze entwéckelen. Den Aktiounsplang ass eng wonnerbar Méiglechkeet, fir eng Strategie auszeschaffen an d’Aktiounen op d’Ziler vun der Charta auszeriichten.

4. Ëmsetzen an auswäerten

No der Ofstëmmung duerch de Gemengerot kann den Aktiounsplang ëmgesat ginn. Idealerweis ass e fir en Zäitraum vu 4 Joer ausgeluecht. Um Enn vum Plang ginn ofschléissend Conclusioune gezunn, déi eng Bewäertung vun alle Moossnamen opweisen.

Fir d’Finanzéiere kann de Ministère beroden, oder bestëmmten Aktivitéiten duerch Subsiden ënnerstëtzen.