Wie si mir?
Wëllkomm um Site vum Departement „Gläichstellung an Diversitéit an de Gemengen“ vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit. Dëse Site déngt Iech als Entrée an d’Matière an als interaktive Guichet fir den Austausch vu gudde Beispiller fir d‘Gläichstellung vun de Geschlechter op lokalem Niveau ze stäerken.
Am Aklang mat de Grondsätz vun der Gender Dimensioun an dem iwwergräifende Charakter vun dësem Thema, verfollegt de Ministère eng ëmfaassend Strategie, déi doranner besteet, d’Gemengen individuell ze ënnerstëtzen an de participative Charakter, net nëmmen an de Gemengen, mee och dee vun alle Partner, Acteuren a Beroder, ze stäerken. Zu dësem Zweck gëtt et am Ministère en Departement mam Numm „Gläichstellung an Diversitéit an de Gemengen“.
Dëst ass d’Websäit vun dësem Departement, déi Iech bei all Äre Schrëtt fir méi Gläichberechtegung fir all d'Geschlechter an Ärer Gemeng ënnerstëtze soll.
Ären Uspriechpartner
Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit
Departement vun der Gläichstellung an der Diversitéit an de Gemengen
Spencer Kirpach
Patrick Kleinbauer