Biergerbedeelegung

Fir méi iwwert d’Wënsch an d’Besoine vun de Bierger/inne gewuer ze ginn, kënnen déi politesch Responsabel op eng Biergerbedeelegung zréckgräifen. Esou ginn et Gemengen, déi Informatiouns-Versammlungen organiséieren, fir zesumme mat den Awunner/innen iwwer Projeten ze diskutéieren, wéi beispillsweis den Amenagement vun enger ëffentlecher Plaz. Anerer froen den Avis vun der Populatioun iwwer zukünfteg Projeten iwwer Questionnairen, déi iwwert d’Gemengen-App diffuséiert ginn. Vill Gemengen organiséieren och reegelméisseg Evenementer fir déi Leit, déi nei ukommen, fir hinnen déi kommunal Infrastrukturen ze weisen, hinne Sports- a Kulturassociatioune virzestellen a natierlech, fir si mat deenen aneren Awunner/inne bekannt ze maachen.

Eng direkt Implicatioun vun de Bierger/innen an den Entscheedungsprozess ass gutt fir d’Wuelbefannen an d’Zesummeliewen an der Gemeng, well d’Offer vun de Servicer esou ka perfekt un d’Besoine vun der ganzer Communautéit kann ugepasst ginn.

Zréck