Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?
Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.
Flexibilitéit vun der Aarbechtsplaz
Et stëmmt dass d'Flexibilitéit vun der Aarbechtsplaz, dorënner och den Télétravail, Männer a Fraen nei Méiglechkeete bidde kann fir d'Vereinbarung vun hirem berufflechen, sozialen a privatem Liewen ze vereinfachen. Et bleift awer net aus festzestellen, dass dës nei Aarbechtsmethoden och Geforen a Risike fir Fraen duerstelle kënnen, en Ugrëff op di mental Gesondheet, manner Akommes oder Beschäftegung, genee wéi och eng Steigerung vun den Tâchen am Stot. Dat ass net-bezuelten Aarbecht, déi d'Fraen insbesonnesch staark belaaschte kann.
Ausgangsfroen
- wéi sollt d'Schaffen intern reorganiséiert ginn fir et méi flexibel ze gestalten ?
- kéint dat ganzt Personal vun deser neier Flexibilitéit am selwechte Mooss profitéieren ?
- ginn et iergendwelch Risiken déi ee misst mat arechnen a wie wär vun deene Risiken gréisstméiglechst betraff ?
Gutt Beispiller
- Den Télétravail an de Servisser ënnerstëtzen, souwäit en do méiglech ass
- D'Personal awer net forcéieren, vum Télétravail Gebrauch ze maachen, fir se net doheem mat zousätzlecher Aarbecht ze iwwerlaaschten
- Och d'Risiken, déi den Télétravail beim Personal kéint opweisen mat a Betruecht huelen
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.