Flexibilitéit vun der Aarbechtsplaz

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Flexibilitéit vun der Aarbechtsplaz

Et stëmmt dass d'Flexibilitéit vun der Aarbechtsplaz, dorënner och den Télétravail, Männer a Fraen nei Méiglechkeete bidde kann fir d'Vereinbarung vun hirem berufflechen, sozialen a privatem Liewen ze vereinfachen. Et bleift awer net aus festzestellen, dass dës nei Aarbechtsmethoden och Geforen a Risike fir Fraen duerstelle kënnen, en Ugrëff op di mental Gesondheet, manner Akommes oder Beschäftegung, genee wéi och eng Steigerung vun den Tâchen am Stot. Dat ass net-bezuelten Aarbecht, déi d'Fraen insbesonnesch staark belaaschte kann.

Ausgangsfroen

  • wéi sollt d'Schaffen intern reorganiséiert ginn fir et méi flexibel ze gestalten ?
  • kéint dat ganzt Personal vun deser neier Flexibilitéit am selwechte Mooss profitéieren ?
  • ginn et iergendwelch Risiken déi ee misst mat arechnen a wie wär vun deene Risiken gréisstméiglechst betraff ?

Gutt Beispiller

  • Den Télétravail an de Servisser ënnerstëtzen, souwäit en do méiglech ass
  • D'Personal awer net forcéieren, vum Télétravail Gebrauch ze maachen, fir se net doheem mat zousätzlecher Aarbecht ze iwwerlaaschten
  • Och d'Risiken, déi den Télétravail beim Personal kéint opweisen mat a Betruecht huelen

Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn