D'Accessibilitéit vu Gidder an Déngschtleeschtungen

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

D'Accessibilitéit vu Gidder an Déngschtleeschtungen

D'Gemeng applizéiert de Prinzip vun der Gläichstellung tëscht de Fraen an de Männer beim Zougang zu Gidder an Déngschtleeschtungen, déi hir vu vun externe Fournisseure bruecht ginn.

Ausgangsfroen

  • Wéi eng Fournisseuren huet d'Gemeng a wéi ka si hinnen all dëse Prinzip vun der Gläichstellung matdeelen?
  • Wat fir eng Attributiouns-Crtitèren misst een an dësem Fall formuléieren?
  • Wéi kann een d'Applicatioun vun desem Prinzip bei den Déngschtleeschter secherstellen?

Gutt Beispiller

Passt op d'Gläichbehandlung tëscht Fraen a Männer op, wat den Accès an d'Bereetstellung vu Wueren an Déngschtleeschtungen uginn.

Promouvéiert eng paritéitesch Vertriedung an den Associatiounen, de Comitéen vun de Sportsclibb an an den Direktiounen vun de Conservatoiren an Theateren.

D'Gläichstellung tëscht de Fraen an de Männer an den Attributions-Critèren (am Artikel iwwer d'Sozial-Klauselen) an den ëffentlechen Ausschreiwungen mat abauen.

Menstruatiouns-Hygienesartikele gratis an den Toilette vun der Gemeng zur Verfügung stellen. Beispill: Gemeng Walfer

Fir d’Organisatioun vun de „Spillnomëtteger“, dat heescht de Fräizäitaktivitéite fir Kanner wärend der grousser Vakanz, kann eng Gemeng drop oppassen, dass d’Prestatairen ëmmer den Aspekt vun der Gläichstellung an hir Servicer integréieren.

De Kufa’s Urban Art Esch ass e participativen artistesche Projet, dem säin Zil et ass, den urbane Raum dauerhaft ze veränneren, a gläichzäiteg eng sozial Kohesioun ze fërderen. D’Gläichstellung vun de Geschlechter ass e feste Bestanddeel vun de Kontrakten, déi d’Artistinnen an d’Artiste mat der Stad Esch ofschléissen.

D’Aktioun Sk8ing Girls, organiséiert vun de Gemengen Esch a Schëffleng, promouvéiert och d’Egalitéit tëscht Meedercher a Jongen an de géigesäitege Respekt, ënnert anerem andeems se versicht, Stereotyppen a Virurteeler z’eliminéieren, déi op d’Geschlechter ofzielen.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt


All d'Ziler gesinn