Gewalt géint Fraen an engem gewielten Amt a géint dat weiblecht Personal

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Gewalt géint Fraen an engem gewielten Amt a géint dat weiblecht Personal

Et muss ee feststellen, dass Bedrohungen a Gewalt géint Fraen, déi sech als Kandidatinnen opgestallt hunn, déi gewielte Funktiounen ausüben oder soss en ëffentlecht Amt, dacks un d'Geschlecht gebonne sinn an hir Bedeelegung an der Gesellschaft an an der Politik beanträchtege kënnen. Op déi Aart a Weis ënnergruewen se d'Grondprinzipien vun der Demokratie.

Ausgangsfroen

  • wat sinn di verschidde Forme vu Gewalt déi di voll Entfalung vun de gewielte Fraen, oder deene Fraen an engem ëffentlechen Amt, bedrohen ?
  • vu weem ginn déi aus?
  • wéi kann dat d'Fraen an der Ausübung vun hiren ëffentlechen Ämter beanträchtegen?
  • kann dësen Ëmstand Konsequenzen fir d'Sécherheet an d'Fräiheet vun eis all hunn?

Gutt Beispiller

  • D'Gemeng erkennt de Besoin vun de Fraen fir sech sécher ze spieren fir Politik ze maachen. Fir dat kënnen ze gewährleeschten, engagéiert d'Gemeng sech, am Aklang mat hire Responsabilitéiten, ënnerstëtzend Prozesser a Strukturen opzesetzen, déi de gewielte Fraen an Ugestallten hëllefen a se begleeden fir den Haassparolen d'Stier ze bidden.
  • D'Gemeng engagéiert sech fir all Gewalthandlung an all Belästegung, vun Drëttpersounen ausgoend, ze verhënneren, ofzeschwächen an erofzesetzen, vun deenen hir gewielten Représentant-en an hir Ugestallten kéinten Affer ginn bei der Ausübung vun hirem Amt, an déi besonnesch Auswierkungen op d'Fraen hunn

Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn